
Eltere-Kand-Treff
Spilltreff fir Adoptivkanner mat hiren Elteren
Idee:
E Spilltreff fir Adoptivkanner mat hiren Elteren wat op regelméisseger Basis stattfënnt. D'Kanner kennen zesumme spillen an d'Elteren sech ënnereneen austauschen.
Wee ka mattmaachen:
Zielgrupp sinn Elteren (Mamm an/oder Papp) mat hiren Adoptivkanner vun 0-4 Joer. (D'Ursprongsland vum Kand ass egal.)
Mat wéi engen Zieler:
Ziel soll sinn fir de Kanner en (éischten) geschützten a begleetene Kontakt zu anere Kanner unzebidden fir esou ze léieren flott zesummen ze spillen. Den Elteren erméiglechen dës Treffen sëch auszetauschen, iwwert de Kanner hier Entwécklung ze schwätzen an och iwwert adoptiounsspezifesch Themen nozedenken (wann sie dat wëllen).
Philosophie:
Et geet drëms fir de Kanner e feste Kader mat Ritualer an Regelen ze proposéieren, wou sie sech kënnen entfalen. Si solle sech am fräie Spill kënnen domat beschäftegen wat sie am léifste maachen an an engems léieren mat anere Kanner zesummen ze spillen. Den Elteren ass fräigestallt iwwer wéi eng Themen si diskutéieren. Si kennen och d'Treffe matgestalten: Z.B. sech eng Kéier op enger Spillplaz treffen amplaz dobannen. D'Atmosphär soll ongezwongen an urteelsfräi sinn.
Aktivitéiten:
Et ginn ausser de Ritualer keng fest Aktivitéiten, d'Kanner beschäftegen sech mat de Spillsaachen déi do sinn. Jiddwereen soll vun doheem och e puer Spillsaache mattbréngen mat deenen jiddwereen däerf spillen.
Ritualer:
Mir sangen e Lidd als Begréissung an e puer Lidder fir eis Äddi ze soen. D'Gebuerstdeeg ginn natierlech gefeiert.
Terminer:
D'Zëit ass ëmmer Freides vu 14:30-16:30 Auer. Mir treffen eis all Woch. Déi éischt Terminer kritt dir bei der Umeldung.
Wou treffe mir eis:
34, rue de Mamer zu Bartréng am Gebei vun der Croix-Rouge an engem Turn-a Spillsall. D'Detailler kritt dir bei der Umeldung.
Kontaktpersoun:
Ech sin d'Manuelle Waldbillig-Schank, vu Beruff Pädagogin a selwer Adoptivmamm vun engem Jong vun 2 1/2 Joer aus Südkorea.
Umeldung:
Umelle kënnt dir Iech beim Manuelle Waldbillig um Tel: 621 27 00 56 oder per email: manuwald@pt.lu . Ausserdem gitt dir dann agelueden fir op dem Yahoo-group vum Elteren-Kand-Treff matzediskutéieren.
E grousse Merci un d'Equipe von der "Maison de l'Adoption / Croix-Rouge, déi eis mat Rot an Dot ënnerstëtzen.